Am Raum Hollerech huet e Mann als éischt géint säin eegenen Auto urinéiert a wollt duerno op Poliziste späizen.

An der Nuecht op en Dënschden huet d'Police e Fürerschäi wéinst Alkohol um Steier agezunn. En Uruffer hat der Police en alkoholiséierten Autosfuerer am Raum Hollerech gemellt. Dëse war no engem Iwwerhuelmanöver stoe bliwwen an huet géint säin eegenen Auto urinéiert. Géint 2 Auer hu Beamte vun der Police de Mann du fonnt ewéi dësen a sengem Auto geschlof huet. Hien hat bal duebelt esouvill Alkohol am Blutt wéi erlaabt. Doropshi gouf de Permis vum Mann provisoresch agezunn. De Mann huet sech wéineg kooperativ géigeniwwer de Beamte gewisen. Ewéi hien ugefaangen huet d'Polizisten ze beleidegen an op si ze späizen, koum hien an den Arrest.