Wéinst engem Feeler bei der Manipulatioun vun enger Software kruten am Januar eng Partie Clientë vun der Post eng falsch oder guer keng Rechnung.

512 Cliente vun der Post kruten am Januar Rechnunge geschéckt déi net fir si geduecht waren. 586 weider Cliente kruten hir Rechnung iwwerdeems net geschéckt. Dat äntwert de Wirtschaftsminister Franz Fayot op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

Well wéinst dësem Tëschefall perséinlech Donnéeë vu Clienten un Drëtter weidergeleet goufen, gouf d'Dateschutzkommissioun informéiert. Den Tëschefall wier op eng falsch Manipulatioun bei der Ännerung vun engem Parameter an enger Software vun der Post zustane komm, heescht et weider an der Äntwert vum Minister.

An Tëschenzäit wieren eng Rei technesch Mesuren a Plaz gesat gi, fir d'Qualitéitskontroll beim Erstelle vun de Rechnungen ze verbesseren. An engem Bréif huet d'Post sech bei deene betraffene Clienten entschëllegt. Iwwerdeems huet si d'Clienten, déi eng Rechnung kruten déi net fir si geduecht war, dozou opgeruff dës ze zerstéieren.