Zu dëser Strof gouf d'Ambassade vum Aarbechtsgeriicht verurteelt. Dëst well si bei der Entloossung vun enger Botzfra géint d'Gesetz verstouss huet.

Déi portugisesch Ambassade zu Lëtzebuerg gouf vum Aarbechtsgeriicht zu enger Strof vun 20.000 € verurteelt. Dëst well si bei der Entloossung vun enger Botzfra géint d'Aarbechtsrecht verstouss huet. Dat deelt den OGBL an engem Communiqué mat.

Ënnert anerem huet d'Fra, déi méi ewéi 25 Joer an der Ambassade geschafft huet, kee Kënnegungsbréif kritt an et goufen hir keng Grënn fir hir Kënnegung genannt. D'Hallschent vun der Strof, also 10.000 € muss d'Ambassade der Botzfra wéinst dem materielle Schued bezuelen, deen si erlidden huet.

Den OGBL begréisst dësen Detail vum Urteel vum Aarbechtsgeriicht. Iwwerdeems mécht de Gewerkschaftsbond awer och drop opmierksam, dass d'Ambassade der Fra nach ëmmer net déi néideg Dokumenter fir de Chômage unzefroen, ginn huet.