E Mëttwoch gouf et am Kader vun enger Vermësstemeldung en Asaz an der Uelzecht.

Wéinst der Vermësstemeldung vun der 76-järeger Gisèle Peiffer gouf et dëse Mëttwoch en Asaz an der Uelzecht am Raum Walfer/Steesel. Dat huet d'Police Eldoradio géintiwwer confirméiert.

Wéi et vum Pressebüro heescht wier een engem Indice nogaangen, deen een e Mëttwoch am Kader vun der Vermësstemeldung kritt huet. De CGDIS an d'Fräschmänner sinn doropshin an den Asaz geschéckt ginn. D'Aktioun ass ouni Resultat ofgebrach ginn.

Zënter dem 3. Februar gëtt d'Gisèle Peiffer vu Gaasperech vermësst. Wéi d'Police an deem Kader matgedeelt hat, hält sech d'Fra geleeëntlech an der Stad an och zu Tréier op. Si huet e Brëll un, ass vun normaler Statur an ongeféier 1 Meter 65 grouss. Wie weess, wou sech d'Gisèle Peiffer ophält oder soss nëtzlech Informatiounen huet, soll sech bei der Stater Police um Telefonsnummer 244 40 1000 oder um 113 mellen.