D'Positioun soll méi sécher an de Cannabis-Tourismus agedämmt ginn. Dat sinn d'Pläng vun der Buergermeeschtesch vun Amsterdam.

D'Stad Amsterdam denkt iwwert de Bau vun engem grousse Prostitutiounshotel no. Esou wëll d'Buergermeeschtesch erreechen, datt Prostitutioun am sougenannte "Red Light District" agedämmt gëtt.

Ënnert anerem géifen déi dacks alkoholiséiert Touristen déi meescht weiblech Prostituéiert respektlos behandelen. An engem Communiqué schreift d'Stad e Mëttwoch, datt Sex-Aarbecht en normale Beruff ass an een d'Konditiounen an d'Sécherheet verbessere wëll. Vum 1. Abrëll u ginn et och keng Féierunge méi duerch de Véierel.

Donieft wëll een awer och de Cannabis-Konsum fir Touristen agrenzen. Wéi et weider heescht plangt d'Buergermeeschtesch an enger éischter Phas, datt et jonke Visiteuren a Coffeeshops net méi méiglech ass, legal Cannabis-Produiten ze kafen.

Hannergrond ass eng Ëmfro ënner Visiteuren, an där 57% uginn hunn, Amsterdam wéinst dem Cannabis ze besichen. Och wann d'Etüd net representativ ass, wëll ee mat dëser Moossnam dem "Overtourism" entgéint wierken. Zënter 2012 dierf een a villen hollännesche Stied just nach an esou Shops eran, wann ee selwer an Holland lieft.