D'Vermësstemeldung, déi d'Police e Mëttwoch erausginn hat, konnt e puer Stonnen drop gestrach ginn.

Wéi d'Police e Mëttwoch den Owend matgedeelt huet, konnt déi zënter e Mëttwoch de Moie vermëssten 78-järeg Fra erëmfonnt ginn.

Wéi et heescht gouf d'Fra géint 19 Auer um Kierchbierg ugetraff an et géif hir gutt goen.

D'Vermësstemeldung gouf deemno gestrach.