No der Annonce, datt d'Spuerkeess 11 Agencen uechtert d'ganz Land zoumécht hunn direkt e puer Deputéiert eng Partie Froen un de Finanzminister gestallt.

D'Spuerkeess konnt d'Gemengen net am Virfeld iwwert d'

informéieren, well d'Decisioun vum Verwaltungsrot do nach net geholl war. Dat äntwert de Finanzminister Pierre Gramegna  e Mëttwoch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Goergen.

Wéi et heescht soll d'Bank awer nach den Dag selwer d'Gemengen informéiert hunn. Elo soll mat de Responsabelen zesummen no Léisunge gesicht ginn, wéi een déi eidel Raimlechkeeten effikass notze kann. Dem Minister no geet vu soziale Logementer oder neie Butteker riets.

An enger anerer Äntwert op eng parlamentaresch Fro heescht et vum Pierre Gramegna weider, datt déi betraffe Mataarbechter op aner Büroen oder Servicer vun der Spuerkeess kommen. Deemno gi keng Plazen ofgebaut. Och wann een a Richtung Digitaliséierung geet, wéilt d'Bank an Zukunft weider Mataarbechter astellen, esou de Minister weider.

An enger weiderer Äntwert heescht et, datt de Finanzminister net responsabel wier, fir d'Strategie vun der Spuerkeess ze erklären oder eppes an deem Punkt ze decidéieren. D'Bank gehéiert net zum ëffentlechen Déngscht an ass en onofhängegt ëffentlecht Etablissement. Wéi de Pierre Gramegna da verséchert, géife bis 2024 keng weider Agencen zougemaach ginn.