Wéinst engem Sträit gouf d'Police en Dënschdegowend op Téiteng geruff. Wéi sech do erausgestallt huet, gouf eng vun de Persoune landeswäit gesicht.

En Dënschdegowend hat eng Awunnerin zu Téiteng d'Ënnerstëtzung vun der Police ugefrot. Tëscht hir, hirem Proprietär an hirem Partner koum et zu enger verbaler Ausernanersetzung. Bei der Iwwerpréiwung vun de Persounen huet sech ënnert anerem erausgestallt, datt ee vun de Männer landeswäit gesicht ginn ass. Wéi d'Police schreift gouf de Mann festgeholl an ass an de Prisong op Schraasseg bruecht ginn. Hie koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.