Zu Hanau an Hessen sinn e Mëttwoch den Owend 11 Mënschen ëm d'Liewe komm, op d'mannst 5 Mënsche goufe schwéier blesséiert.

Zu Hanau an Hessen sinn e Mëttwoch den Owend géint 22 Auer bei Schéissereie virun zwou Shisha-Baren op d’mannst 9 Mënschen ëm d’Liewe komm. 5 weider Persoune goufen deels liewensgeféierlech blesséiert. Den Alter vun den Doudesaffer läit tëscht 21 a 44 Joer. Ënnert hinne sinn esou wuel däitsch wéi auslännesch Staatsbierger, esou d'Autoritéiten am respektive Statement en Donneschdeg.

D’Police huet direkt duerno mat engem groussen Dispositiv nom Täter gesicht. Um Donneschdeg de Mueren huet d'Police matgedeelt, dass de presuméierten Täter dout a senger Wunneng fonnt gouf. De presuméierten Täter a seng 72-järeg Mamm goufen dout bei sech Doheem opfonnt. D'Beamte sinn op de Papp getraff, deen éischten Informatiounen no net blesséiert gouf.

Den Inneminister vun Hessen huet am Laf vum Donneschdeg matgedeelt, datt een Hiweiser op eng terroristesch Gewaltdot hätt. Leschten Erkenntnesser no wier e friemefeindlecht Motiv ginn. Dorobber géif eng Internetsäit vum presuméierten Täter deiten. Hie soll sech hei auslännerfeindlech geäussert a Verschwierungstheorië verbreet hunn.

Dem Inneministère vun Nordrhein-Westfalen no ginn et keng Indicen op Relatiounen zu der rietser Terrorzell, déi leschte Freideg opgeflunn ass. Verbindungen zu anere rietsextremen Netzwierker wiere bis ewell och net opgedeckt ginn. Wéi et am Communiqué vun der Bundesanwaltschaft heescht, géife gravéierend Indice fir e rassisteschen Hannergrond virleien. Dat hätten d'Analyse vu Videoen an Dokumenter vum Täter erginn.

© Thomas Lohnes / AFP