Der Police gouf ëm 2 Auer 30 an der Nuecht op en Donneschdeg en Accident mat Materialschued a Fahrerflucht um Boulevard John F. Kennedy zu Esch gemellt.

Do virdrun soll den Auto a Schlaangelinne gesteiert gi sinn. D'Sich nom Chauffer hat mat Hëllef vun Hiweiser Succès a Chauffer an Auto sinn am Parkhaus an der nämmlechter Strooss erëmfonnt ginn. De Mann louch um Buedem a stoung ënnert Alkoholafloss.

Den Test hat dat och confirméiert, ma well de Mann och eng Bluttprouf huet missten ofginn, gouf hien an d'Spidol bruecht. Do huet hie sech der Police no aggressiv géintiwwer dem Personal beholl an huet och d'Beamte beleidegt. Nodeems de Mann d'Spidol verlooss hat, ass hie weider negativ opgefall an huet en Ugrëff op e Polizist virgetäuscht.

Wéi d'Beamte bei hiren Auto goe wollten, huet de Mann hinnen de Wee blockéiert, huet seng Hänn op de Capot geluecht a ronderëm gejaut. Well hien eng Gefor fir sech selwer ma och fir anerer duergestallt huet, koum hie schlussendlech an Arrest.