D'Strof géint een Ex-Beroder vum Trump an der Russland-Affär fält manner héich aus, wéi d'Procureure proposéiert haten.

An der Russland-Affär ass de fréiere Beroder vum US-President Trump, de Roger Stone zu 40 Méint Prisong verurteelt ginn. Dat well hien een Zeie manipuléiert an de Kongress belunn huet.

D’Strof ass manner héich ausgefall wéi de Parquet gefrot hat, nämlech 9 Joer. Den Trump hat dat schaarf kritiséiert an de Justizministère hat sech der Kritik ugeschloss. Doropshi ware 4 Vertrieder vun der Uklo zeréckgetrueden. Den neie Procureur hat nëmmen nach maximal 4 Joer Prisong gefrot.