No der presuméierter rassistesch motivéierter Dot zu Hanau hunn eng ganz Partie Politiker der AfD eng Matschold ginn.

Nom

e Mëttwoch am däitschen Hanau gi vill Politiker der AfD eng indirekt Matschold un der presuméierter rassistescher Dot.

Den FDP-Chef Christian Lindner sot zum Beispill Haassriede vu verschidden AfD-Politiker wieren d’Saat fir Gewalt an Terror. Dem SPD-Politiker Boris Pistorius no hätt d’AfD eng Matschold un der Zounam vu rietser Gewaltdoten.

D’AfD weist d’Virwërf zréck. Dem Fraktiounschef Alexander Gauland no géif et sech beim Täter vun Hanau ëm een offensichtlech komplett kranken Täter handelen.