Dat franséischt Atomkraaftwierk soll bis Enn Juni komplett a ganz ofgeschalt ginn. De Reakter 1 soll well dëse Weekend vum Netz goen.

Dat eelsten franséischt Atomkraaftwierk Fessenheim gëtt elo schrëttweis erofgefuer. Den éischte vun zwee Reaktere gëtt well an der Nuecht op e Samschdeg vum Netz geholl, den Zweeten dann am Juni.

D’Atomkraaftwierk zu Fessenheim war 43 Joer laang a Betrib. Et koum ëmmer nees zu technesche Pannen.

Atomkraaft-Géigner kritiséieren, dass d'Zentrale an enger Äerdbieweregioun gebaut gouf, an haten d’Fermeture schonn zënter Jore gefuerdert.

Et ass déi éischte Kéier dass een Atomkraaftwierk géint de Wëlle vum Bedreiwer EDF brooch geluecht gëtt. Och d'Awunner hate bis zum Schluss fir d'Erhale vum AKW gekämpft, an dat aus wirtschaftleche Grënn.