An de meeschte Fäll waren déi glat Stroossen de Grond, dass et geknuppt huet. Eng Kéier louch et um Alkohol.

Tëscht 0h00 an 08h00 e Freide Moie koum et op eise Stroossen zu net manner ewéi 18 Accidenter. An de meeschte Fäll waren déi glat Stroossen den Ausléiser dofir, dass et geknuppt huet:

Esou zum Beispill kuerz viru 06h00 um CR181 zu Stroossen. Hei hat sech e Gefier iwwerschloen a war um Dach gelant. De Fuerer gouf fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht.

Kuerz no 06h00 ass um CR112 tëscht Fluessweiler an Dräibuer e Camion vun der Strooss ofkomm. Dobäi huet dësen en Zonk beschiedegt an ass am Gruef gelant. De Chauffer gouf dobäi net blesséiert.

Géint 06h20 hat eng Fra an der Escher Strooss zu Monnerech, wéinst der glater Strooss d'Kontroll iwwert hien Auto verluer an ass an e geparkten Auto gerannt. Wéi d'Police den Accident registréiert huet, koum eraus, dass de geparkten Auto keng valabel Versécherung hat. Den Auto gouf op Uerder vum Parquet confisquéiert. D'Fra koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

Géint 07h00 ass zu Diddeleng am der Butschebuerger Strooss e weider Camion wéinst de glate Stroossen am Gruef gelant.

Zur selwechter Zäit ass e Chauffer kuerz virum Rond-point op der N2 zu Sandweiler mat sengem Gefier an d'Leitplank gerannt.

Um 07h30 huet e Camionschauffer zu Steebrécken an der "Grand Rue" d'Kontroll iwwert säi Camion verluer. Dëst huet dozou gefouert, dass de Camion ëmgekippt ass an d'Strooss blockéiert huet.

E méi schroen Accident gouf et um 07h50 zu tëscht Haassel an Alzeng. Hei war eng Autofuererin mat engem Bus kollidéiert a gouf dobäi blesséiert. Zeien hate gemellt, dass et an enger Kéier zu enger Kollisioun tëscht den zwee Gefierer komm war.

Bei engem weideren Accident ware net déi glat Stroossen mä den Alkohol den Ausléiser:

Géint 04h30 war eng alkoholiséiert Automobilistin an der "Rue Dickes" zu Briedemes an e geparkten Auto gerannt. Si krut de Führerschäin ofgeholl.

D'Police erënnert dann och nach eng Kéier un d'Tatsaach, dass Wanterpneue bei den aktuelle Wiederkonditioune Flicht sinn. Wann een op glate Stroossen en Accident verursaacht a Summerpneuen um Auto huet, muss ee mat enger Amende vu 74 € rechnen. Donieft riskéiert een den Auto musse stoen ze loossen.