Kuerz hannert der Däitscher Grenz huet eng Patrull vun der däitscher Police bei der Kontroll vun engem Gefier mat franséischer Plack 2 Waffe confisquéiert.

E Mëttwoch Moien huet eng Patrull vun der däitscher Police um Autobunnsparking Markusbierg kuerz hannert der däitscher Grenz e Gefier mat franséische Placken an dem 3 Männer souze kontrolléiert. An der Händschekëscht hunn d'Polizisten eng Pistoul a 16.900 € u Boergeld fonnt. An der Oflag vun der Dier vun der Fuerersäit louch iwwerdeems e Messer mat enger 19 Zentimeter laanger Kléng.

Ewéi e Spriecher vun der däitscher Police géigeniwwer däitsche Medie sot, wier e Magasinn an der Pistoul gewiescht. Dëst wier awer net prett gewiescht fir direkt domadder ze schéissen. Op Nofro vun der Police huet de Besëtzer vun der Pistoul ausgesot, dass hien dës hannert der Mauer vun engem Haus, dat hie kaf hat, fonnt huet. Zum Messer huet hie keng Ausso gemaach.

Op d'Suen ugeschwat hunn d'Männer ausgesot, dass si ënnerwee an dat däitscht Bundesland Nordrhein-Westfale wiere fir do en Auto ze kafen.

Well si noweise konnten, dass si wëlles hunn en Auto ze kafen, konnten si d'Suen halen. D'Waffe goufen awer confisquéiert. E 46 Joer ale Matfuerer wäert sech allerdéngs wéinst engem Verstouss géint d'Waffegesetz veräntwerte mussen.