Op der Place des Rotondes gouf en Donneschdeg an e Kulturzentrum agebrach. Den Abriecher konnt awer direkt gestallt ginn.

Wéinst enger Zeienausso konnt d'Police en Donneschdeg en Abriecher op frëscher Dot pëtzen. Dëse war an e Kulturzentrum bei der Place des Rotondes an der Stad agebrach an hat e puer Alkoholfläsche matgoe gelooss. Den Abroch war opgefall, well de Mann eng Fënster ageschloen hat an d'Police direkt alarméiert gouf.

A sengem Rucksak huet d'Police Geschier fir anzebrieche séchergestallt. Wéi d'Ermëttlungen erginn hunn, soll de Mann och fir en Abroch op där Plaz am Januar responsabel sinn. Och hei goufen e puer Fläschen Alkohol geklaut. Den Abriecher gouf festgeholl an huet sech de Moie misste virum Untersuchungsriichter veräntweren.