An de Grenzregioun Lëtzebuerg/Frankräich gouf illegal Knascht entsuergt. Fir d'Ënnersichung ass Lëtzebuerg no och Frankräich responsabel.

D'Ëmweltverwaltung weess Bescheed, datt am Grenzgebitt ëmmer nees illegal Knascht entsuergt gëtt. An deem Sënn mécht een zesumme mat Frankräich Kontrollen. Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg e Freideg op eng parlamentaresch Fro. Eng 1. Kontroll gouf Enn Januar duerchgefouert.

Wéi et weider heescht gouf een iwwert déi illegal Deponie zu Rédange net informéiert, dat well dee Moment schonn eng Ënnersichung an d'Weeër geleet ginn ass a Frankräich sech an deem Fall un d'Ermëttlungsgeheimnis hale muss.

Weider ënnersträicht d'Ministesch, datt et u Frankräich ass, déi nächst Schrëtt ze decidéieren. Lëtzebuerg kéint keng Moossnamen decidéieren, well d'Verknaschtung op franséischem Terrain geschitt ass.