E Samschdeg koum et géint 13h15 zu engem déidlechen Autosaccident, op der N12 a Richtung Stackem, net wäit vu Wëntger ewech am Kanton Klierf.

Hei huet een 28 Joer ale Mann vu Diänjen, Gemeng Wëntger, d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass an enger Lénkskéier un d’Schleidere komm an ass an ee Bam gerannt. Den Auto huet beim Impakt ugefaange mat brennen. Fir den 28 Joer ale Mann koum all Hëllef ze spéit.

© Police