E Samschdeg Owend huet sech zu Rodange en alkoholiséierte Chauffeur mat sengem Auto iwwerschloen an dobäi zwee anere Autoe beschiedegt.

Wéi de CGDIS mellt, koum et e Samschdeg Owend zu 3 Accidenter bannent e puer Stonnen.

Zu Bieles krute sech 3 Autoen géint hallwer 8 ze paken. Zwou Persoune goufen hei liicht blesséiert.

Um hallwer 12 koum et bei Mompech zu engem Accident, wou eng Persoun verwonnt ginn ass.

Wéineg méi spéit, géint véierel vir 12, ass zu Rodange eng Persoun verwonnt ginn, wéi hiren Auto accidentéiert ass. Wéi d'Police e Sonndeg Moie matdeelt, hat de Chauffeur d'Kontroll iwwert säi Won verluer, ass du géint en aneren Auto geknuppt  an um Trottoir hänke bliwwen. Doropshin huet den Auto sech iwwerschloen an ass en en drëtten Auto geknuppt, dee laanscht d'Strooss stoung.

Op der Plaz huet d'Police festgestallt, datt de Chauffeur ënnert staarkem Alkoholafloss stoung. Hien hat méi wéi zweemol souvill Promill wéi erlaabt. Et gouf e provisorescht Fuerverbuet géint de Chauffeur erstallt.

An der Nuecht huet d'Police weider Alkoholskontrollen duerchgefouert, dat zu Réimech an zu Elleng. 125 Automobiliste goufe kontrolléiert, an 3 Fäll war den Test positiv. Eng Persoun huet hire Permis op der Plaz missen ofginn.