Op hirer Generalversammlung e Samschdeg hunn déi Jonk Gréng hire Comité gewielt. Schwéierpunkttheme sinn d'Energie an d'Aarmut.

E Samschdeg war d'Generalversammlung vun Déi Jonk Gréng. Hei gouf en neie Comité gewielt. Als Co-Spriecherin gouf d'Jessie Thill bestätegt. Op hirer Säit gouf de Joël Back als zweete Co-Spriecher gewielt.

D'Jessie Thill an de Joël Back. / © Déi Jonk Gréng

De Felix Schmit ass fir d'Kees zoustänneg. Weider Membere vum Comité sinn d'Claire Remmy, de Liam Bremer, d'Caroll Ewen, de Georges Biever, d'Catherine Van Rijswijk, de Fabricio Costa an d'Tanja Duprez.

D'Jessie Thill huet d'Regierunge vu Frankräich an der Belsch dozou opgeruff, d'Atomkraaftwierker zu Cattenom an Tihange ofzeschalten. Grad am Kader vun der "Klimakris" wieren Atomkraaftwierker en ze grousse Risiko fir Mënsch an Ëmwelt. Déi Jonk Gréng wëlle sech dofir asetzen, mat de Bierger a Biergerinnen den Ausbau vun erneierbaren Energien virun ze dreiwen.

De Joël Back huet betount, datt ee bei de Changementer am Kader vum Klimawandel misst op déi Leit oppassen, déi eng méi prekär Liewenssituatioun hunn. Déi Jonk Gréng fuerderen d'Regierung dozou op, d'Aarmut ze bekämpfen an dës an der neier Steierreform ze berécksiichtegen.