Russland soll eng grouss Desinformatiounscampagne iwwert de Corona-Virus lancéiert hunn, an där d'USA fir de Virus verantwortlech gemaach ginn.

D'US-Regierung huet Moskau virgehäit, eng grouss Desinformatiounscampagne iwwert de Corona-Virus lancéiert ze hunn. Dausende Konten op soziale Medien, déi vun der Regierung kontrolléiert ginn, géife Falschinformatiounen a Verschwierungstheorie verbreeden. Doduerch géif de Kampf géint d'Epidemie erschwéiert ginn, esou e Vertrieder vum US-Ausseministère géigeniwwer der Noriichtenagence AFP.

Deel vun der Desinformatiounscampagne wier d'Behaaptung, d'USA wiere fir de Virus verantwortlech. D'CIA hätt de Virus an d'Welt bruecht, fir "e wirtschaftleche Krich géint China" ze féieren.

Russland huet dës Uschëllegungen elo dementéiert. Et géif sech dobäi "express ëm eng falsch Geschicht" handelen, esou eng Spriecherin vum russeschen Ausseministère.