Déi italienesch Regierung huet e Samschdeg Owend d'Isoléierung vu verschidde Stied ugekënnegt. 3 Fussball-Matcher goufen ofgesot.

Aus Angscht virun enger weiderer Ausbreedung vum Coronavirus huet déi italienesch Regierung e Samschdeg Owend ugekënnegt, eng Dose Stied ze isoléieren. An dëse Gebidder dierften Awunner d'Stied weder verloossen, nach areesen.

Weider huet de Premierminister Conte och ugekënnegt, datt Betriber a Schoulen zougemaach ginn. Och verschidden ëffentlech Veranstaltunge ginn ofgesot, zum Beispill d'Fuesfester a Fussballmatcher vun der éischter Fussballliga.

An Italien goufe bis elo 79 Infektiounsfäll gemellt. E Sonndeg de Moien ass de Bilan vun den Infektiounen op iwwer 100 geklommen. Zwou Persoune sinn um Virus gestuerwen. Italien ass dat europäescht Land, an deem am meeschten Infektiounsfäll bekannt sinn.