Eng Dose grouss international Firme wéi Shell a KLM solle jorelaang e prominente Klimawandel-Skeptiker finanzéiert hunn. Dat geet aus engem Rapport ervir.

Eng Dosen international grouss Firme wéi Shell an d'Fluchgesellschaft KLM solle jorelaang de prominenten hollännesche Klimawandel-Skeptiker Frits Böttcher finanziell ënnerstëtzt hunn. Dat geet aus de sougenannte "Shell Papers" ervir, déi e Grupp vun Investigatiounsjournalisten e Samschdeg verëffentlecht hunn.

An dësem Rapport heescht et, de Böttcher hätt tëscht 1989 an 1998 honnertdausenden Euro vun de Firme kritt. Hir Zil wier et gewiescht, Zweiwel um mënschegemaachte Klimawandel ze verbreeden. De fréiere Chimiesprofesser, dee mëttlerweil verstuerwen ass, soll an där Zäit knapp 450.000 Euro kritt hunn. Mat dësen huet hien Klimawandel-skeptesch Artikelen a Publikatioune verëffentlecht. De Böttcher war bekannt dofir, d'Wierkung vu klimaschiedleche Gaser a Fro ze stellen. Senger Meenung no wier CO2 "souguer gutt fir de Planéit".

Dem Rapport no sollen niewt Shell a KLM och den däitschen Industriekonzern ThyssenKrupp an déi hollännesch Bankegrupp ING de Böttcher finanzéiert hunn.

De Groussdeel vun de betraffene Firmen huet uginn, d'Uschëllegungen net iwwerpréiwen ze kënnen. Dës Virgäng wiere schonn ze laang hier. Et kéint een net méi novollzéien, wat deemools a wéi engem Kontext geschitt wier, esou Shell. Änlech hu sech och ThyssenKrupp a KLM geäussert.