Zejoert gouf a Frankräich de Projet vum gratis Kaffi a vun der 1-Euro-Kantin lancéiert. Nom positive Bilan soll de Projet elo vergréissert ginn.

Déi franséisch Regierung zitt e positive Bilan vun hirem Projet fir gratis Kaffi an d'1-Euro-Kantin a franséische Schoulen. Dëse Projet gouf 2019 lancéiert, am Kader vun enger Campagne géint d'Aarmut.

De franséische Minister fir Educatioun, de Jean-Michel Blanquer, huet e Sonndeg e positive Bilan vum Projet gezunn.

De gratis Kaffi gouf d'lescht Joer Moies ronn 110.000 Schüler aus prekäre Milieuen an der Spill- a Grondschoul zerwéiert. Vun der 1-Euro-Kantin hu ronn 8000 Schüler profitéiert.

Fir 2020 wëllt een 200.000 finanziell schwaach Schüler mat dëser Mesure ënnerstëtzen. Vun der 1-Euro-Kantin sollen dëst Joer bis zu 40.000 Schüler profitéieren, esou d'Pläng vum Educatiounsminister.