Zu Tënten koum et e Samschdeg Nomëtteg zu engem Feier an engem Wunngebai. Grond war eng Explosioun vu Gasfläschen am Keller.

Wéi d'Police e Sonndeg matdeelt, koum et e Samschdeg géint 14.30 Auer zu engem Brand an engem Wunngebai an der rue de Luxembourg zu Tënten. De Pompjeeën no soll eng Explosioun vu Gasfläschen am Keller vum Gebai de Grond fir de Brand sinn.

Béid Parteien hunn d'Gebai ouni Blessure kënne verloossen. D'Strooss gouf fir de Verkéier gespaart.

D'Gebai ass den Ament net méi bewunnbar, esou d'Police. D'Gemeng vun Tënten këmmert sech ëm eng Léisung fir d'Bewunner.

© Police