Italien gräift no de leschte Coronavirus-Infektiounsfäll elo zu weidere Mesuren.

Vun e Sonndeg den Owend u ginn all gréisser Events ofgesot, nieft enger Partie Sportevents och de Karneval zu Venedeg. Do goufe viru kuerzem eréischt zwou eeler Persounen an d'Spidol bruecht. Dës Mesurë sollen den Ament mol op d'mannst bis den 1. Mäerz gëllen.

Staark betraffen Uertschaften am Norde vun Italien si bis ewell ofgespaart ginn - dat heescht: Keen dierf eran a keen dierf eraus, dës Mesurë solle bis op Weideres gëllen.