Bei engem Äerdbiewen an der Grenzregioun tëscht dem Iran an der Tierkei sinn 9 Persounen ëm d’Liewe komm.

D’Biewen an der Grenzregioun hat eng Stäerkt vu 5,9. Op der tierkescher Säit goufe 37 Persoune blesséiert, iwwer 1.000 Gebaier sinn duerch d’Biewen agestierzt. Den Iran mellt op d'mannst 75 blesséiert Persounen. Et gëtt ëmmer nach no Iwwerliewende gesicht. Virun engem Mount eréischt ware bei engem Biewen an der Tierkei 40 Mënschen ëm d’Liewe komm.