Wéinst dem séieren Agräife vun de Pompjeeë war d'Feier séier nees ënner Kontroll.

Kuerz no Mëtternuecht e Méinde Moie gouf der Police gemellt, dass aus den ënneschten Etage vun engem ënnerierdesche Parking an der Rue de l'Université zu Esch-Belval, Damp géing kommen. Op der Plaz hunn d'Beamten dunn e brennende Moto fonnt. Well d'Pompjeeë séier agegraff hunn, konnt d'Feier séier ënner Kontroll bruecht ginn. Den Ament leeft eng Enquête fir d'Ursaach vum Feier ze ermëttelen.