D'Flosspartnerschaft Naturpark Our wëll d'Mënsche fir d'Gestioun vum Waasser an d'Ekologie vun de Flëss sensibiliséieren.

476.678,96 € u finanziellen Ënnerstëtzunge krut d'Flosspartnerschaft Naturpark Our zënter dem se am Februar 2012 gegrënnt gouf. Dat äntweren d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an d'Inneministesch Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen. Vun dëse Sue sinn 337.828,64 € vum Zentralstaat an 138.850,32 € vun de Gemengen, op deenen hiren Terrainen de Naturpark läit, komm. D'Zil vun der Flosspartnerschaft ass et d'Ëffentlechkeet an d'Leit déi am Waasser-Secteur schaffe fir d'Gestioun vum Waasser an d'Ekologie vun de Flëss ze sensibiliséieren. 22 Mesuren op kommunalem an nationalem Niveau huet d'Partnerschaft zënter hirer Grënnung ëmgesat fir dëst Zil ze erreechen.