Um Owend vum Fuessonndeg huet d'Police op 3 Plazen am Land Alkoholkontrollen duerchgefouert.

Tëscht 19h30 e Sonnden Owend an 00h30 a Méinde Moien huet d'Police op 3 Plazen Alkoholkontrolle gemaach. Op der N7 tëscht Dikrech an dem Fridhaff, op der N7 zu Ierpeldeng an op der N19 zu Bettenduerf goufen am Ganzen 288 Automobiliste kontrolléiert. 21 mol war den Test positiv. 11 Procés Verbaux goufen ausgeschwat a 6 mol gouf et e Protokoll. 4 Führerschäiner goufen op der Plaz agezunn.

Iwwerdeems war um 02h15 e Méinde Moien en Auto an der Rue des Acacias zu Esch-Uelzecht an e Verkéiersschëld gerannt. Well de Chauffer vum Auto ze vill gedronk hat, krut hien de Führerschäin ofgeholl.