D'WHO warnt am Kader vum Coronavirus virun enger "méiglecher Pandemie." An Italien ass eng 7. Persoun um Coronavirus gestuerwen.

D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO warnt wéinst der rasanter Ausbreedung vum Coronavirus virun enger "méiglecher Pandemie". Bis ewell hat d'WHO d'Infektiounen net als Pandemie agestuuft, et misst een awer alles maachen, fir op eng méiglech Pandemie virbereet ze sinn, esou den Direkter vun der WHO e Méindeg virun der Press. Et géif ee sech virun allem wéinst der Hausse vun de Fäll an Italien, am Iran an a Südkorea Suerge maachen.

Ewéi déi italienesch Gesondheetsautoritéiten e Méindeg matgedeelt hunn ass eng 7. Persoun um Coronavirus gestuerwen. Virdru gouf vum Dout vun engem 88-järege Mann an enger weiderer Persoun an der Lombardei gemellt. D'Zuel vun de gemellten Infizéierten beleeft sech op 220.

China huet e Méindeg 150 nei Doudesfäll gemellt.