2 mol gouf op Chantieren agebrach. 1 mol an e Café an eng Kéier an eng Garage.

D'Police mellt eng Rei Abréch vum Weekend respektiv aus der Nuecht op e Méinden:

E Sonnde gouf tëscht 02h30 an 19h40 an 8 Containeren op engem Chantier an der Route de Bergem zu Schëffleng agebrach. Onbekannter haten hei méiglecherweis d'Schlass un der Entrée vum Chantier opgebrach a sinn duerno mat engem Gefier op de Chantier gefuer. Hei hunn si Maschinnen a Baumaterialie geklaut.

Tëscht 16h30 e Sonnden Owend 07h00 e Méinde Moie koum et iwwerdeems zu engem Abroch op e Chantier an der Rue de Hellange zu Krautem. Och hei goufe Maschinnen a Baumaterialien aus engem Container geklaut.

Weiderhi gouf an der Nuecht op e Méinden an e Café op der Place Guillaume zu Dikrech agebrach. Onbekannter haten hei eng Fënster ageschloen, sinn an de Café agedrongen, hunn d'Keess opgebrach an d'Suen aus dëser geklaut.

Iwwerdeems goufen de Sonnden eng Partie Vëloen aus enger Garage an der Avenue Gaston Diderich an der Stad geklaut.