Am hessesche Volkmarsen an der Géigend vu Kassel ass en Auto op enger Kavalkad a Leit gerannt. Et geet vu méi Blesséiere riets.

Nom Virfall an Hessen huet de Parquet vu Frankfurt/Main d'Ermëttlungen opgeholl. Wéi d'Police vu Kassel matgedeelt huet gëtt géint en 29-järege Mann ermëttelt, deen zu Volkmarsen, also do, wou et geschitt ass, wunnt. Hie war géint 14 Auer 45 op engem Rosenmontag-Ëmzuch mat sengem Auto an e Grupp Leit gerannt.

No leschtem Stand goufen duerch d'Kollisioun eng 30 Persoune blesséiert, verschiddener deels schwéier. Wéi d'Police elo confirméiert huet, zielen och Kanner zu den Affer. Déi Blesséiert koumen an d'Spidol, fir behandelt ze ginn. Den Täter konnt op der Plaz festgeholl ginn.

Hie gouf selwer blesséiert a koum och an d'Spidol. Wa säi Gesondheetszoustand bis besser ass, soll hien dem Untersuchungsriichter virgefouert ginn. Aktuell kann een näischt zum méigleche Motiv soen. Et géif an all Richtung ermëttelt ginn, esou d'Police weider.