D'Bankegewerkschaft ALEBA fuerdert kloer Mesure fir d'Salariéë virum Virus ze schützen an extra Congé fir Leit, déi a Quarantän sinn.

Am Kader vum Coronavirus rifft d'Bankegewerkschaft ALEBA d'Employeuren dozou op, déi néideg Mesure fir d'Sécherheet vun de Mataarbechter ma och fir d'Weiderféiere vun den Aktivitéiten ze erméiglechen, ze huelen.

Esou wiere kloer Prozesser a Saachen Hygiène ze definéieren, och d'Méiglechkeet vun doheem aus ze schaffe misst a Betruecht gezu ginn.

Iwwerdeems géif et net a Fro kommen, dass wa Leit a Quarantän gesat ginn, dës Deeg vun hirem Congé ofgezu ginn. Effektiv hätt een eng Entreprise hei zu Lëtzebuerg gemellt kritt, déi hire Mataarbechter, déi an de Risikogebidder ware soten, 14 bis 24 Deeg doheem ze bleiwen an dës Deeg vun hirem legale Congé ze huelen.