D'Pompjeeë vu Kanech hunn op Facebook matgedeelt, datt zwee vun hire Membere wärend engem Asaz d'Pneue vun hiren Autoen duerchstach kruten.

Wéi d'Pompjeeë vu Kanech op Facebook matgedeelt hunn, goufen e Mëttwochowend bei engem Asaz Pneue vun Autoe vun zwee vun hire Pompjeeën duerch gestach. D'Autoe si vum ACL depannéiert ginn an et gouf eng Plainte gemaach.

Ma an deem Sënn ass en Zeienopruff lancéiert ginn. Wien an der Rue de l'école e Mëttwoch tëscht 22 an 1 Auer eppes gesinn huet, soll sech bei der Police vu Gréiwemaacher mellen. D'Telefonsnummer hei ass de 24 47 12 00.