Duerch de Schnéi an déi glat Stroosse koum et zënter en Donneschdeg zu villen Accidenter.

Duerch de Schnéi an déi glat Stroossen, ass et zënter en Donneschdeg den Owend an um Freidegmoien zu villen Accidenter komm.

Géint 6.30 Auer de Freideg de Muere koum et op der A13 a Richtung Schengen, kuerz virun der Ausfaart Helleng zu engem Accident an dee 6 Autoe verwéckelt waren. Eng Automobilistin war wéinst der glater Strooss accidentéiert, déi aner konnten net méi séier genuch auswäichen.
D'Fra huet missten aus dem Auto gebuergen an nach op der Plaz versuergt ginn. Während de Rettungsaarbechte war d'Plaz komplett gespaart. Géint 7.15 war eng Fuerbunn dann erëm op a géint 8.00 Auer war d'Plaz komplett geraumt.

Zu Wëntger an och tëscht Wilwerdang an der Wämperhaart krut en Donneschdeg den Owend all Kéiers ee Chauffer ee Bam ze paken, zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. Op der Areler Autobunn a Richtung Stad war hënt een Auto op der Héicht vun der Aire de Capellen an d’kalifornesch Mauer geknuppt. Hei goufen 2 Persoune verwonnt.