Zu Heischent hat en Donneschdeg kuerz virun 20 Auer d'Isolatiounsmaterial ënnert dem Daach vun engem Stall ugefaange mat brennen.

Wéi de Pressebüro vum CGDIS Eldoradio géintiwwer confirméiert huet, sinn no engem Brand zu Heischent en Donneschdegowend 600 Schwäi gestuerwen.

Wéi eis de Cédric Gantzer confirméiert huet, hat d'Isolatiounsmaterial ënnert dem Daach vum Stall ugefaange mat brennen. Et hat sech vill Damp entwéckelt, deen d'Schwäin och inhaléiert hunn. Donieft goufen der vill vun hinnen duerch d'Flëssegkeet, déi vun uewen erof gedrëpst ass, blesséiert.

De Grupp fir d'Déiererettung grad wéi d'Veterinärsinspektioun waren op der Plaz an hu missten decidéieren, d'Schwäin Nout ze schluechten. Eng 40 bis 50 Pompjeeën aus verschidde Corpse waren am Asaz an haten d'Feier séier ënner Kontroll.