Wéinst staarkem Wand, deen sech de Samschdeg iwwer den Nomëtteg an de fréien Owend erwaart gëtt, huet d'Meteolux eng Alerte Orange erausginn.

De Freideg am fréien Nomëtteg huet Meteolux eng Alerte Orange wéinst der Méiglechkeet vu staarkem Wand fir de Samschdeg erausginn. Erwaart ginn sech Wandvitesse vun 90 bis 100 Stonnekilometer aus dem Südwesten.

D'Warnung gëllt fir dat ganzt Land an dat fir den Zäitraum tëscht 15.00 an 18.00 Auer.

Liest hei de Communiqué vu Meteolux:

Procédure Alerte MeteoLux lancée le:28/02/2020 à 13:52:10.
Vigilances MeteoLux:Alerte Orange. Vent vitesse de 90 à 100 kilomètres par heure de direction Sud-Ouest, pour tout le pays.
Valide pour l'échéance du: 29/02/2020 15:00 au 29/02/2020 18:00.