D’Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg goufen 2018 ënnert dem CGDIS regroupéiert. No der Reform gouf elo en Tëschebilan gezunn.

Zesumme mam CGDIS an zwee Experten huet d’Inneministesch Taina Bofferding dëse Freideg en éischten Tëschebilan no der Reorganisatioun vum nationale Rettungswiese presentéiert. 2010 hat den Experterapport gewisen, datt ee gewëssen Nohuelbedarf bestoung, esou d’Inneministesch. De Bilan fält positiv aus, esou ass festgestallt ginn, datt de CGDIS effikass op d’Erausfuerderunge reagéiere konnt, déi sech virun der Reform gestallt hunn.

Zil vun der Schafung vum CGDIS war et an éischter Linn eng intensiv Kooperatioun tëscht dem Staat an den eenzele Gemengen ze erméiglechen, dat op operationellem, techneschem, administrativem a finanziellem Niveau. En anere grousse Punkt ass dat Ganzt ënnert engem Daach ze vereenen.

Lauschtert eran!

D’Experten hiewen an hirem Rapport eng excellent a professionell Kompetenz vum Personal vum CGDIS ervir. Esou konnten déi nei Strukturen, Strategien an Objektiver séier ëmgesat ginn. Wéi et vu béiden Experte geheescht huet, wier ee ganz zefridden. Et gouf vill nogebessert, virun allem beim Katastrophenzyklus, der Risikoanalys an dem präventive Brandschutz.

Zum Beispill hätten d’Asätz während dem Tornado oder de Vegetatiounsbränn am Summer 2019 gewisen, wéi gutt déi agesate Cellules de crise funktionéiert hunn. Vum Paul Schroeder vum CGDIS huet et geheescht, datt Zäit vun Ophiewe vun engem Noutruff bis datt e Pompjeeë op der Plaz ass vu 14 Minutten a 56 Sekonnen op 14 Minutten a 5 Sekonnen erofgaangen ass.

D’Ausbildung beim CGDIS gouf revaloriséiert. Et wollt een datt dat, wat u Wësse vermëttelt gëtt, och verbessert an der Praxis ëmgesat gëtt. Hei ass ee vun engem vun den Experten, dem Franz-Josef Molitor, gewuer ginn, datt ee méi op Kompetenzvermëttlung setzt. Den Echo vun de Leit selwer wier och positiv gewiescht an d’Qualitéit vun der Ausbildung ass gelueft ginn.

Natierlech wieren och Verbesserungsvirschléi erakomm, déi wéilt een an Zukunft weider ëmsetzen. E System am Opbau hätt och ëmmer Schwaachstellen, ma well de Grondusaz stëmmt, kéint een déi och léisen. Dat war och d’Ausso vun der Ministesch. Et hätt ee vill Denkustéiss kritt, déi een net aus den Ae verléieren dierf.

Lëtzebuerg hätt e koherent an effikasst Rettungswiese op d'Been gestallt, dat war och d’Meenung vun den Deputéierten an der zoustänneger Chamberkommissioun. Der Ministesch no muss ee sech awer bewosst sinn, datt esou eng grouss Strukturreform Zäit brauch Fouss ze faassen.

Nieft dem Bilan huet den Alain Becker vum CGDIS nach matgedeelt, datt ee plangt am Hierscht déi éischt Servicer op de Rondpoint Gluck an den neie CNIS, de Centre national d’incendie et de secours, ze plënneren.

© Eldoradio