D'Foire war fir den 12. bis 15. Mäerz ugesat, ma muss elo verréckelt ginn. Grond ass de Coronavirus.

Wéi eis vun offizieller Säit confirméiert ginn ass, muss d'Springbreak-Foire an der Luxexpo The Box verréckelt ginn. Grond ass de Coronavirus an déi domat verbonne méiglech Risiken, esou heescht et och an engem Post op der offizieller Facebooksäit dësen Donneschdeg. En neien Datum steet dann och schonn. Den Event gëtt op den 2., 3., 4. a 5. Juli verréckelt.

Den Autojumble an der

, deen dëse Weekend ass, gëtt wéi geplangt organiséiert. Dat hunn déi Responsabel Eldoradio géintiwwer confirméiert.

Och de Frou Frou zu Gréiwemaacher an den Zeltik zu Diddeleng wäerten dëse Weekend sinn, soten eis d'Organisateuren am Interview.

A wéi mir op Nofro hi confirméiert kruten, wäert och den ING Night Marathon den 23. Mee an der Stad dem aktuelle Stand no wéi geplangt organiséiert ginn.