D'Zuel vun de confirméierten Neiinfektiounen ass bannent 24 Stonnen ëm 1 Fall geklommen. Et gouf kee weidert Doudesaffer gemellt.

Zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun de confirméierten Infektiounen e Méindeg nëmme liicht ëm 1 Fall geklommen. Domat goufe bis ewell 4.019 Persoune positiv getest. De Sonndeg waren et 4.018 (+2) an e Samschdeg 4.016 (+2).

Iwwerdeems ass kee weidert Doudesaffer gemellt ginn. D'Zuel bleift bei 110 Doudesfäll.

35 Leit sinn de Moment wéinst COVID-19 am Spidol. Dovunner leien der 4 op der Intensivstatioun. An der Tëschenzäit konnten 927 Patienten d'Spidol erëm verloossen.

3.845 Persoune gëllen als geheelt. 64 Infektiounen si weider aktiv.