Studenten, déi wéinst der Kris méi laang musse studéieren, sollen en zousätzlecht Semester d'finanziell Hëllef kënnen ufroen.

No Gespréicher tëscht der ACEL an dem Héichschoulministère ginn et Neiegkeeten a Saache Studiebäihëllefen. All Student dee säi Studium wéinst der Coronakris huet misste verlängeren, wäert vun engem zousätzleche Semester Bourse profitéiere kënnen. Egal a wéi engem Zyklus en ass.

Och Studenten, déi duerch déi aktuell Situatioun finanziell Problemer hunn, kréie gehollef. Zum Beispill wann si hire Studentenjob wéinst der Kris verluer hunn. Si kréien d’Méiglechkeet eng extra Demande ze maan.