Op wat mussen d'Restauranten, d'Caféen a soss Lokaler oppassen, wa si nees duerfen opmaachen? D'HORESCA huet fir hir Memberen e Guide online gesat.

Wéi et op der Internetsäit vun der HORESCA dëse Méindeg heescht, huet d'Federatioun e Guide mat Recommandatiounen erausbruecht. Dësen ass fir Restauranten a Caféë geduecht, fir datt dës sech fir eng zukünfteg Reouverture kënne virbereeden an d'Virschléi mat Zäiten ëmsetze kënnen. Zesumme mat verschidden Acteuren ass de Guide ausgeschafft ginn an orientéiert sech och un entspriechenden Aarbechten aus dem Ausland. Membere vun der Federatioun kënnen dësen online eroflueden.