Den Inneminister Horst Seehofer hätt Hoffnung gemaach, datt een d'Grenzkontrollen nom 15. Mee net nach eemol verlängert.

Wéi de Patrick Schnieder vun der CDU op Twitter matgedeelt huet wier een optimistesch, datt d'Grenze Richtung Lëtzebuerg a Frankräich nach dës Woch opgemaach ginn. De Politiker berifft sech op en Telefonsgespréich tëscht dem Inneminister Horst Seehofer an dem CDU-Fraktiounschef vu Rheinland-Pfalz Christan Baldauf.

Et wier nach näischt decidéiert, ma et hätt een awer den Androck kritt, datt d'Kontrollen net nach iwwert de 15. Mee eraus verlängert ginn.