En Dënschdeg gouf offiziell confirméiert, dass de Sebastian Vettel Ferrari Enn des Joers verléisst.

De Formel-1-Pilot Sebastian Vettel verléisst Ferrari Enn des Joers. Dat gouf um Dënschdeg offiziell vu Ferrari confirméiert. Dem Sebastian Vettel säi Vertrag leeft Enn 2020 of a gëtt also net verlängert. Wouhin de Vettel wiessele kéint, ass net gewosst.