D'Belsch analyséiert de Moment Regioune fir nuklearen Offall kënnen ze stockéieren. Verschidde Plaze leien dobäi ganz no un der Grenz mat Lëtzebuerg.

D'Belsch schafft de Moment un engem Plang, fir nuklearen Offall laangfristeg kënnen ze lageren, dëst sot d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg den Dënschdeg de Mueren.

Suergen iwwer Standuerter un der Grenz mat Lëtzebuerg
De Moment wieren d'Pläng nach ganz um Ufank, ma grad do läit de sprangende Punkt. Et wieren nämlech eng Rëtsch Standuerter definéiert ginn, vun deenen der e Puer an der Grenzregioun tëscht Lëtzebuerg an der Belsch géife leien. Hei wiere geologesch Couche gepréift ginn, an deenen et méiglech wier, fir e sougenannten „Endlager“ fir radioaktiven Offall kënnen ze lageren, dat awer nach ier eng Impaktstudie gemaach gouf.

Dës Zone kéinten als potenzielle Standuert déngen:
- Namur (80 km vun der Lëtzebuerger Grenz ewech)
- Dinant (70 km vun der Lëtzebuerger Grenz ewech)
- De Plateau de Herve (55 km vun der Lëtzebuerger Grenz ewech)
- Gaume (dës Couche fänkt eng 5 Kilometer virun der Lëtzebuerger Grenz un)
- De synclinal de Neufchâteau (dës Couche reecht an de Lëtzebuerger Territoire eran)
- Massifs de Rocroi (88 km vun der Lëtzebuerger Grenz ewech)
- Massifs de Stavelot (15 km vun der Lëtzebuerger Grenz ewech)

Ma bei all Dossier misst esou eng strategesch Ëmweltprüfung gemaach ginn, déi ëffentlech zougänglech ass, fir den Impakt op d'Ëmwelt vun deem Projet kënnen anzeschätzen.

Accident hätt wuel och Auswierkungen op Lëtzebuerg
Suerge mécht der Ministesch virun allem, dass ënnert deenen ausgewisene Couchen och eng wier, déi bis an de Lëtzebuerger Territoire géif erareechen. Wann an esou engem Lager sollt en Accident geschéien, da wier net ofzegesinn, wéi eng Auswierkungen dat z.B. op d'Grondwaasser zu Lëtzebuerg hätt.

Weider gouf vun enger ganzer Rëtsch vun Inkoherenze geschwat. Deemno wier de Rapport nach iwwerhaapt net op déi grenziwwerschreidend Risiken agaangen.

© map.geoportail.lu

Irresponsabelt Virgoe vu belschen Autoritéiten
D'Approche, fir elo scho konkret Zonen auszeweise géif am Contraire zu enger Rëtsch internationale Reglementer stoen an et dierften eréischt dann Entscheedunge getraff ginn, wann den Impakt op d'Ëmwelt kloer wier. D'Virgoe vun de belschen Autoritéite wier an där Saach irresponsabel.

Ma Lëtzebuerg kéint den Dossier elo nach beaflossen, dofir wier et awer wichteg, fir d'Awunner och ze informéieren. D'Regierung wëllt deemno e kriteschen Avis schreiwen, deen d'Intransparenz, d'Virgoensweis an déi juristesch Contrainten uschwätzt. Dat och wann een de Moment nach an engem ganz fréie Stadium wier.

Lëtzebuerger Awunner sollen Avis eraginn
Bis den 13. Juni 2020 wëllt een de Bierger dofir d'Méiglechkeet ginn, fir hiren Avis zu deem Plang ofzeginn.

Et wéilt een sech op allen Niveauen asetze fir hei e kritesche Standpunkt ze vertrieden. Och verschidde Responsabel aus der Grenzregioun hätten sech kritesch géintiwwer de Pläng gewisen.

Och an Däitschland géif d'Situatioun suivéiert ginn, well där ausgewise Regiounen och deels un der Grenz mat Däitschland leien. Och hei wéilt een sech als Lëtzebuerger Regierung mat Däitschland concertéieren.