Gëtt dat ganzt Land op de Covid-19 getest oder net? Dat gouf viru kuerzem annoncéiert a sollt vum 19. Mee un de Fall sinn. Realiséiert gëtt awer net.

Wéi dësen Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun kloer gestallt ginn ass, gi vum 19. Mee u keng generaliséiert Tester hei am Land gemaach. De Fuerschungsprojet vum Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut (Luxembourg Institute of Health) hat sech als Zil gesat, déi ganz Bevëlkerung ze testen.

Rezent goufe jo 17 Statiounen ugekënnegt, op deene sech d'ganz Land hätt kënnen teste loossen. Ma wéi et elo heescht, géif déi néideg Logistik heivir feelen. Deemno gi vum 19. Mee u keng grouss ugeluechten Tester gemaach. Wéi et weider heescht, wier de But vun dësen Tester, de Coronavirus besser ze verstoen.

Et ginn elo Dokumenter ausgeschafft an den Deputéierten zur Verfügung gestallt, fir déi verschidde Projeten hei am Land besser kënnen ze ënnerscheeden. D'Deputéiert wäerte sech an noer Zukunft da mam LIH a mam zoustännege Minister fir Fuerschung gesinn. Dat ass an deem Fall de Claude Meisch.