De LuxairGroup huet en Dënschdeg de Joresrapport erausbruecht. Donieft gouf de Gilles Feith als neie Generaldirekter ernannt.

De LuxairGroup konnt d'Joer 2019 mat engem Plus vu méi wéi 8 Milliounen Euro ofschléissen. Wéi aus dem Rapport haut ervirgeet, war et komplizéiert Joer fir d'Lëtzebuerger Fluchgesellschaft. Et gouf e Minus bei der Airline selwer (-12 Milliounen) a bei der Cargo (-8 Milliounen) verzeechent. Bei Luxair-Tours war et dem Grupp no awer e gutt Joer an esou.

2018 war et e Plus vun 12,5 Milliounen Euro. Wat 2020 ugeet, do wëll een d'Aktivitéiten an alle Beräicher jo am Juni nees ophuelen. Zënter dem 24. Mäerz ass de Betrib agestallt. Zënter der Kris hätt een awer alles dru gesat, d'Clienten heem ze kréien an och am Logistikberäich senger wichteger Roll nozekommen, esou de LuxairGroup weider.

De Gilles Feith ass iwwerdeems dësen Dënschdeg am Verwaltungsrot als neie Generaldirekter vum LuxairGroup confirméiert ginn. Den Adrien Ney, deen den 1. Juni an d'Pensioun geet, gëtt vum Gilles Feith ersat. De Verwaltungsrot huet d'Nominatioun unanime ugeholl. Hien iwwerhëlt de Posten deemno den 1. Juni.

Hei d'Schreiwes vum LuxairGroup:

LuxairGroup nomme Gilles Feith Président du Comité de Direction et Directeur Général

Suite à la décision de M. Adrien Ney de prendre sa retraite au 1er juin 2020, le Conseil d’Administration de LuxairGroup a annoncé aujourd’hui à l’unanimité la nomination de M. Gilles Feith comme nouveau Président du Comité de Direction et Directeur Général.

Gilles Feith a assuré au cours de son parcours professionnel plusieurs postes à haute responsabilité dans différents secteurs. Directeur du Centre des technologies et de l’information de l’Etat depuis 2014, il a été ensuite nommé Premier Conseiller du Gouvernement au Ministère des Affaires étrangères et européennes à la Direction de la Défense en 2019.

Gilles Feith est licencié en Sciences commerciales et financières avec une large expérience en Informatique et Management.

Né le 1er juin 1976 et de nationalité luxembourgeoise, il a été élu CIO de l’année 2017.

Gilles Feith prendra ses fonctions au 1er juin 2020.

Le Président du Conseil d’Administration tient à remercier Adrien Ney pour ses 15 années passées à la Direction de LuxairGroup.