D’Stad hat sech relativ fréi schonn op de Confinement preparéiert. Elo wier d’Zäit fir mat Responsabilitéit eng Rëtsch Fräiheeten zeréck ze kréien.

Servicer vun der Stad ware fréi a gutt preparéiert

Enn Februar hat een sech schonn op d’Epidemie zu Lëtzebuerg ugefaange virzebereeden, esou d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Mëttwoch de Mueren um City Breakfast. Den 11. Mäerz hätt een och d’Servicer vun der Stad ugewisen, wéi een sech sollt opstellen, falls et eescht géi ginn.

All d’Mesuren hätten dozou gefouert, dass et elo méiglech wier, fir eng Rëtsch Fräiheeten erëm zeréckzekréien, esou d’Buergermeeschtesch. Ma de Virus wier net fort, dofir misst all Mënsch Responsabilitéit iwwerhuelen an d’Hygiènesmesurë befollegen.

Vill Servicer sinn erëm accessibel

Esou wäerten d’Guicheten an déi administrativ Servicer vun der Stad Lëtzebuerg vum 18. Mee un erëm lues a lues accessibel sinn. Dat natierlech ëmmer am Respekt vun den Hygiènesreegelen. Dat selwecht gëllt och fir déi kulturell Institutiounen, wéi d’Fotothéik vum 14. Mee un, d’Stater Bibliothéik vum 19. Mee un de Lëtzebuerg City Museum an d’Villa Vauban vum 18. Mee un.

Parke ginn erëm op, Spillplaze bleiwen zou

De Recyclingszenter op der Areler Strooss wäert iwwerdeems weider nëmme reduzéiert funktionéieren, dat vu méindes bis samschdes vun 10.00 bis 16.00 Auer. Hei ginn et dann och eng Rëtsch Reegelen, ënnert anerem si just 12 Autoen op eng Kéier erlaabt mat maximal 2 Persoune pro Auto an engem Kubikmeter den Dag. Den Offall sollt dann och scho virdru getrennt ginn, Gaardenoffäll ginn net ugeholl, dës ginn op Rendezvous virun der Dier ofgeholl, dëse Service sollt een och fir de Sperrmüll notzen.

Déi Parken, déi an der Stad zougemaach goufe sinn dann och vum nächste Méindeg un erëm op, d’Spillplaze bleiwen awer weiderhin zou.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Schoulrentrée gëtt eng Erausfuerderung

Déi nächsten Erausfuerderung ass elo d’Reprise an de Schoulen, vun där d’Stad der 19 huet. Et wier een dat elo am Gaang ze organiséieren an hei misst ee wuel aner Gebaier mat notze fir d’Distanzen an den Accueil ze garantéieren. Genee kann een dat der Buergermeeschtesch no awer eréischt soen, wann ee weess wéi vill Kanner vum fakultativen Accueil wëlle profitéieren

Ënnerstëtzung fir Stater Geschäftsleit

Den éischte Schäffe Serge Wilmes ass donieft och nach emol op déi schwiereg Situatioun vun de Geschäftsleit agaangen. D’Stad hat jo scho matgedeelt, dass een deene Commercen, vun deenen d’Stad proprietär ass, kee Loyer wärend der Kris wäert froen. Vum 1. Juni u gëtt dës Mesure fir déi Commercen zeréckgezunn, déi erëm dierfen ophunn.

Weider huet de Schäfferot decidéiert fir dës Saison keng Taxe fir d’Terrassen ze froen. Et schafft een de Moment och vun engem System fir Akafsbongen, wou een als Client kann e Bong kafen an da géif d’Stad e gewëssene Montant drop leeë fir d’Geschäftsleit ze ënnerstëtzen.

Iwwer eng zousätzlech finanziell Hëllef vun der Stad fir de Commerce gëtt grad mam Inneministère nach beroden.

Et wier een och am Gaangen iwwer verschidde Projeten ze beroden, z.B. iwwer eng Alternativ fir d’Schueberfouer mat eenzele Buden a Spiller an de 24 Quartieren oder eng Léisung fir d’Braderie.