Well Salmonellen am Produit kënne sinn, muss deen aus de Regaler geholl ginn. Eng Rëtsch Produite goufen awer scho verkaaft.

Wéinst Salmonelle muss de Produit Blanc d'oeuf liquide vun der Mark Ovyta zeréckgeruff ginn. De Produit gouf zu Lëtzebuerg an der Colruyt-Butteker verkaaft. Betraff sinn déi Produite mat engem Oflafdatum vum 21. September 2020.

Eng Rëtsch Produite goufen iwwerdeems scho verkaaft, déi sollt een also ewechgeheien.

Salmonelle kënne Symptomer wéi Iwwelzegkeet, Bauchkrämp, Duerchfall, Féiwer a Kappwéi eng 6 bis 72 Stonnen nom Iessen ausléisen.

LINK / Hei fannt dir déi detailléiert Informatiounen!